Entdeckt d’Lokalgeschicht mat eis!

Mär

1970 gouf d’a.s.b.l. "Amis de l'Histoire de Dudelange et du Mont Saint-Jean" zu Diddeleng gegrënnt. Zanter hir huet sech d’Associatioun mat vill Engagement fir d'lokal Geschicht agesat. 2023 koum et zu enger Neigrënnung vun der Associatioun, déi elo als "Diddelenger Geschichtsfrënn" aktiv ass. Mat iwwer 50 Joer Asaz an enger onermiddlecher Passioun fir d’lokal Geschicht, suergen mär dofir, datt déi räich Vergaangenheet vu Diddeleng an der Ëmgéigend net vergiess gëtt.

Aktivitéiten

Publikatiounen

Sief et Bicher oder Brochüren – zënter eiser Grënnung produzéiere a finanzéiere mär eng Panoplie vu Publikatiounen mat vill Leidenschaft.

Konferenzen

Mär halen a organiséieren des Ëfteren am Joer Konferenzen iwwer d'Diddelenger Geschicht, notamment am Kader vun eisem Konferenzzyklus mam CCRD opderschmelz "Diddelenger Geschicht(en)".

Visites Guidées

Mär organiséieren des Ëfteren Visites Guidées fir eis Memberen, awer och fir Net-Memberen. Dës Visitte bidden d’Méiglechkeet béid national an international Ausstellungen ze besichen.

Sozial Medien

Op de soziale Medie versiche mär, duerch reegelméisseg Publikatiounen de Kontakt mat de Leit ze fleegen. Mär deelen net nëmme spannend Artikelen an historesch Fotoen, mee informéieren och iwwer eis zukünfteg Evenementer a Projeten.

Versuergung

Mär sammelen no an no Dokumenter an Objeten, déi e Bezuch zu Diddeleng a senger Geschicht hunn. Fir ze verhënneren, dass wäertvoll Saachen ewechgehäit ginn oder net gewierdegt ginn, sëtze mär eis dofir an, dës ze préservéieren an ze valoriséieren.

Ausstellungen

Mär organiséieren Ausstellungen zu diverse Sujeten, déi e Bezuch zur Diddelenger Geschicht hunn, sou wéi déi am Musée Municipal, wou eng Sammlung vu wäertvollen historeschen Objeten deelweis aus eisen archeologesche Fuerschungen um Gehaansbierg staamt.

Diddelenger Geschichtsfrënn

a.s.b.l. - Rcs: F14295


40, rue Jean Jaurès L-3490 Dudelange

info@dudilinga.lu

Black Instagram Logo
Youtube Play Icon
Facebook

©Diddelenger Geschichtsfrënn 2024